Hütten-Molkerei Düdelingen

More
4 years 11 months ago - 4 years 11 months ago #571 by jmo
Hütten-Molkerei Düdelingen was created by jmo
Gudde Moien,


Mir sichen weider Informatiounen iwwert d' Hütten-Molkerei Düdelingen :

Wou war déi Molkerei? um Site vun der Nuddelsfabrik zu Diddeleng?
Vu wéini bis wéini huet se funktionéiert?
Ginn et anner Fläschen, Dokumenter, Fotoen, etc vun där Molkerei?


Haten aner Schmelzen och esou Molkereien ?

Vun der Belvaler Schmelz hu mir z.B. folgende Porzeläinsstopp . Zu wéi enger Zort Fläschen huet dee gehéiert? Wou goufen déi Fläschen agefëllt?


Villmools Merci am Viraus fir all weider Info!

Alles Gutts!

Jean-Marie - info@industrie.lu

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Ënnerstëtzt industrie.lu

 


Fir eis ass all Geste eng grouss Hëllef!

Villmools Merci am Viraus fir all Ënnerstëtzung!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login