Wéi eng lëtzebuerger Vëlosmarque ass dëst? Roude Léiw + Gust ... ? Geléist!

More
4 years 2 months ago - 4 years 1 month ago #618 by admin
Hei ass d'Äntwert vum Jérôme Gangolf. Villmools Merci!


Daat wat lo mol einfach ;-)

Äntwert:
Gust. Borschette, Lintgen

Quell:
Aus dem Buch "Mam Vëlo do!", Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ, November 2010. Säit 146+148,
Kapitel: "Les commerces de vélo à travers le pays 1934-2010".
Säit 145/146 + 147/148 (Lëschten mat Veloshändler aus verschidden Joren):
"1950
...
Gust. Borschette, Lintgen
...
Sources: Indicateur officiel des téléphones 1950 et Nouveau livre d'adresses Record 48/49."
"1970
...
Gust. Borschette, Lintgen
...
Source: Annuaire Lux. Commerce, Industrie, Artisanat 1967/70."

Mat beschten Gréiss,
Jérôme

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
4 years 2 months ago - 4 years 2 months ago #615 by jmo
Wéi eng lëtzebuerger Vëlo-Marque ass dëst? Roude Léiw + Gust ... ..om..ett...?



Dëse Vëlo steet am Musée de la Police Grand-Ducale, Luxembourg

Villmools Merci am Viraus fir all Tuyau - info@industrie.lu

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Ënnerstëtzt industrie.lu

 


Fir eis ass all Geste eng grouss Hëllef!

Villmools Merci am Viraus fir all Ënnerstëtzung!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login