Wou ass dëst 1919? an der Géigend vu Bäertref? Geléist!

More
2 years 11 months ago #726 by admin
Hei d'Léisung vum Serge Kugener zu dëser Foto:

Hannedrop stung zwar Lëtzebuerg, mais déi Foto ass vun

Creuë, commune de Vigneulles-les-Hattonchâtel, süd-westlech vu Metz

Villmools Merci!

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
2 years 11 months ago #725 by jmo
Hei eng Info vum Alain Gillen. Villmools merci!

Hei an der Gemeng Baertref ass déi Foto mol sécher net gemaach ginn. Mir sinn och der Meenung, datt et net am Mëllerdall ass, well hei an der Géigend u sech keng Kierch ass, déi op enger Kopp am Duerf läit.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
2 years 11 months ago - 2 years 11 months ago #723 by admin
Wou ass dëst 1919? Den US Zaldot vu weem d'Foto ass, war zu Bäertref (Berdorf, Berduerf) stationnéiert (Collection: Serge Kugener)





Dëse Kierchtuerm huet eng ganz speziell Form






Lénks am Bild si sou (oppen) Halen/Scheieren.


Villmools Merci am Viraus fir all Hellëf! info@industie.lu

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Ënnerstëtzt industrie.lu

 


Fir eis ass all Geste eng grouss Hëllef!

Villmools Merci am Viraus fir all Ënnerstëtzung!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login