- Posts: 5
industrie.lu - D'Industriegeschicht vu Lëtzebuerg, an doriwwer eraus
Piscines Tournesol au Luxembourg - Geléist!
- Pascale
- Topic Author
- Offline
Et ass flott ze gesinn dat net Alles einfach ewechgerappt gëtt, mais dat et och nach Leit ginn déi Alem een 2. Liewen ginn - an domadder elo eppes ganz Spezielles op hirem Camping hunn! Dat kann een nëmmen ënnerstëtzen!
E schéinen Owend,
Pascale
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- admin
- Offline
- Posts: 327
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- jmo
- Offline
- Posts: 276
Larochette - Piscine Tournesol ( Carte postale: Publivano Design - Printed by Euroset (056) 354511; Collection:
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- Pascale
- Topic Author
- Offline
- Posts: 5
Et goufen effectif 3 "Tournesol"-Schwemmen zu Lëtzebuerg, Déi Berdrefer hunn ech nach net kannt.
E schéinen Owend, Pascale
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- Steve
- Offline
- Posts: 16
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- clauhe
- Offline
- Posts: 75
Dat woren/sinn dach mol schéi Schwemmen.
Déi an der Fiels (Larochette) Op "Birkelt" do war d'Aweihungsfeier den 12. Juli 1975 (LW 14.7.1975) Hei um industrie lu gesi mer dess an enger oranger Farw, dat muss em 1995 gewiescht sinn. Eng Foto am Tageblatt vum 3.12.2023 weist eis dess Schwemm an enger blo-grenger Farw.
Op den Orthophotoen (Loftopnahmen) gesi mer se 2001 orange-giel, 2004 orange-rout méi spéit rout blazeg ("rosa") 2016 bis 2023 blo-greng.
Da gouw et nach eng zu Berdorf an der rue "Beim Maartbesch".
D'Aweihung war hei den 27.9.1975 (LW 29.9.1975). Si war awer schon am August 1975 op (LW 4.8.1975). Op enger Orthophoto (Loftopnahm) aus dem Joer 2001 gesi mer se nach, 2004 war se schon ofgerappt. Hier Farw muss wäis gewiecht sinn.
Mä vilächt goufen et der nach hei am Land.
mbG
Claude
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- RR
- Offline
- Posts: 2
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- Pascale
- Topic Author
- Offline
- Posts: 5
Ech hunn elo grad folgend flott Photoen vun Tournesol - Schwemmen zu Lëtzebuerg hei gesinn:
an der Fiels
zu Miersch
Gouf et nach anner Tournesol - Schwemmen hei zu Lëtzebuerg? wa jo, wou a wéi eng Farw haten se?
Ech war mol selwer an der Schwemm zu Miersch, dat war schon speziell, wann se am Summer op war. Et huet awer och ëmmer e beschen ze zunn...
Vu wéini bis wéini waren déi Schwemmen a Betrieb?
Villmools Merci fir all Beitrag.
E schéinen Dag, Pascale
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
Ënnerstëtzt industrie.lu
- mat Informatiounen / alen Dokumenter / Fotoen / Verbesserungen
- mat engem Abo oder Like vun eiser Facebook-Säit an eiser Instagram-Säit
- mat der Bestellung vum industrie.lu - USB Stick:
- mat engem Don, well eise Projet gréisstendeels duerch privat Spenden finanzéiert gëtt.
Fir eis ass all Geste eng grouss Hëllef!
Villmools Merci am Viraus fir all Ënnerstëtzung!
industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren
Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.
Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.
Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL) mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.
All Ënnerstëtzung zielt - Villmools Merci am Viraus !
Weider Themesäiten
- Ingénieurs
- Erfindungen - Erfinder
- Industriekultur - Muséeën
- Denkmalschutz
- Industrie & Geschicht
- Industrie & Sprooch
- Industrie & Plazen
- Industrie & Aktien
- Industrie & Konscht
- Eisebunns-Patrimoine
- Industrie & Assurancen
- Industrie & Banken
- Industrie & Geld
- Industrie & Pompjeeën
- Industrie & Haiser
- Wierkbunnen
- Schëfffaart
- Aviatioun
- Déi al Giel Säiten vu Lëtzebuerg
- Hôtels
- Caféen - Wiertschaften
LU
DE
EN
FR

