Bicher automatesch scannen, ouni mussen d'Säiten selwer ëmzebliederen

More
2 weeks 3 days ago #1108 by Jerry
Ech wees just dat an der Nationalbibliothéik 2 manuell Scannere stinn, wou een 2 Säite mateneen scanne kann ouni d'Buch komplett op 180° opzemaachen (wat al Bicher schount). Mais dëst ass eigentlech net d'Äntwert op dës Fro...

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
2 weeks 4 days ago #1107 by Robert
Gudden Owend,Gëtt et hei am Land oder an der Grenzregioun eng Plaz wou ee Bicher automatesch gescannt kritt oder selwer ka scannen, ouni mussen d'Säiten selwer ëmzebliederen, a wou een als Resultat ee pdf kritt wou den Text  mat Hëllef vun OCR richteg erkannt gouf?oder gëtt et mëttlerweil souguer eng (präiswäert) (event. Bastel)-Léisung fir doheem?


Villmools Merci am Viraus fir all Tuyau!

MbG,  Robert

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Ënnerstëtzt industrie.lu

 


Fir eis ass all Geste eng grouss Hëllef!

Villmools Merci am Viraus fir all Ënnerstëtzung!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login